LJBM Partei
Verëffentlecht den 15/07/2024
In Dënschdegowend hunn eng 100 Schüler op der LJBM Party den Ofschloss vum Schouljoer gefeiert. Zu de Beats vum Funkmaster J gouf fläisseg gedanzt. Op enger Tëlee konnten d'Fussballfans ëmmer luussen, wéi et op der EM grad ausgesäit. A fir Iessen a Gedrénks war och gesuergt. Eis Schüler hu sech op alle Fall gutt ameséiert. E grousse Merci kritt ee vum Schülerkommitee an den Här Pinto, een vun Elteren hannert dem Grill, an eise Resident DJ an engem vun der Sécherheet.







