Pünktlech fir den Europadag de 9. Mee, sinn déi 4 Delegatiounen aus Spuenien, Schweden, Däitschland an der Belsch bei eis zu Lëtzebuerg ukomm an domat konnt déi grouss Ofschlosswoch vum “Erasmus+”-Projet bei eis zu Am Lycée starten. Ënnert dem Motto “face the past – change our future“ hunn d'Schüler aus deene 5 Länner sech eng Woch laang mat de méi däischtere Säite vun der Lëtzebuerger Geschicht beschäftegt. Si si mam Film "Heim ins Reich" an enger Visitt am Resistenzmusée de Spuere vun der Lëtzebuerger Collaboratatioun am 2. Weltkrich nogaangen, connten e Bléck an d'Villa Pauly geheien a krute bei enger float Visitt am Geschichtsmusée an interessanten Abléck an d'Kolonialzäit am Spill wou och an hir Fanger. All from Andréck hunn d'Schüler zum Schluss vun der Woch an engem Padlet festgehalen.
Nieft de schouleschen Activityite stoung och de culturalellen Austausch um Programm. Hei gouf et ënner anerem eng fleet vum Héichuewen zu Esch-Belval an natierlech gouf och vun der Geleeënheet profitéiert, eisem Besuch d’Kulturhaaptstad an de Programm vun Esch2022 ze weisen. D'Woch an domat och de Projet si schlussendlech e Freidegowend mat engem Ausfluch an den Escape Room an engem Barbecue an der Stad op en Enn gaangen.
Eis Schüler si wärend deser Woch alt nees eng Kéier iwwert sech erausgewuess a konnte wäertvoll Erfarunge sammelen a flott international Frëndschafte schléissen.





