Mini-Rees op Rotterdam
Verëffentlecht den 10/07/2024
Vun 4. bis 5. Juli waren d'Schüler vun der 2C-COMED an 2C-URBS mat der Madamm Linster an der Madamm Fratini op ee Minitrip op Rotterdam. Éischt Statioun waren d'Wandmille vu Kinderdijk, duerno ass et weidergaang mat enger Haferonnfaart, dem Musée „Remastered“ an de Cube-Houses. Natierlech hunn ee gudde Maufel an der „Markthal“ an ee klenge Shoppingtour och net dierfe feelen.







