Hei ass e weidere flotte Reportage vum RTL am Kader vum Mérite Jeunesse. Dës Kéier geet et ëm de Luca Colling, dee mir all gutt kennen duerch säin onermiddlechen Asaz am LJBM-Schülercomité an och op nationalem Niveau an der CNEL. …
Wousst Dir, dass eng Buermaschinn nëmmen 12 Minutten an hirem Liewe gebraucht gëtt? Dass mir all Woch Mikroplastik an der Gréisst vun enger Kreditkaart iessen? Oder dass d’Lëtzebuerger 1 Millioun Handyen doheem leien hunn, déi se net gebrauchen? 😳🤔 Da …
De leschte Freideg war bei eis am LJBM eng Foire des sections et des métiers. Eng ganz Rei extern Partner, dorënner d’Maison de l’Orientation, d’Lëtzebuerger Arméi, Sales Lentz, d'[LU:NEX] International University of Health, Exercise & Sports, d’Administration de la Nature …
Asaz fir e gudden Zweck. Virun der Vakanz hu Schüler vun der 5C1 a 5C3 Jutebeutelen gestéckt fir den Ouschterbasar. Am Kader vun dësem Basar huet och e flotte Virtrag stattfonnt. Invitéë waren de Rémi Fabbri, Direkter vum Service ‘Aide …
Eng sëlleg Schüler hu mat der Ënnerstëtzung vum Schülercomité an dem Däitschdepartement een Charity-Basar op d’Been gestallt, bei deem ganzer 2445 Euro zesummekomm sinn. Den Erléis aus enger Rei selwergemaachen Objeten a Schneekereien geet integral zugonschten vun engem Hëllefsprojet an …
Hei e flotte Reportage vun RTL iwwert de Pit, ee vun eise Schüler, deen elo mam Mérite Jeunesse Gold amgaangen ass. 👏😊 https://www.rtl.lu/tele/de-magazin/v/3285779.html
Den 31. Mäerz hunn 9 Schüler den LJBM trotz Reen a Bulli méi wéi anstänneg zu Mamer op der Drëps vertrueden. Mir hunn zwar dës Kéier keen Champion gemaach, trotzdeem waren d’Resultater ganz éierbar. Dir kënnt déi eenzel Plazéierungen op …
De Schülercomité huet am Mäerz ganz aktiv am Makerspace geschafft. Si hu Fändele fir hire Basar zu Gonschte vun der Ukrain gebitzt.
An och d’6P1 an d’6P2 hu flott Ouschtereeër fir eisen Ouschterbasar gebastelt. Sie ware Feier a Flam fir e flotten a kreative Bäitrag ze leeschten. Den Erléis ass fir d’Ukrain.
D’Ouschterstëmmung hat de Wee och an eise Kichenatelier fonnt, wou eis Accu-Schüler lecker Kichelcher gebak hunn.



