VISITE DE CLAUDE KARGER – DE JOURNAL
Publié le 09/02/2018
Den Här Claude Karger, Chefredakter vum Journal, war bei eiser 3eC op Besuch. Hien huet d’Schüler doriwwer informéiert, wéi eng Dageszeitung entsteet. Wou kënnt d’Informatioun hir? Wéi gëtt d’Informatioun gefiltert a verifiéiert? Wéi kommen d’Artikelen an hir Form a wéi gëtt dat Ganzt finalement geprint an ënnert d’Lieser bruecht? Viviana GIAMPAOLO – 02/2018



