Back

There are no available posts!

3e URBS Geologeschen Ausfluch duerch d’Eislek

11/05/2022

E Freideg, den 22. Abrëll, waren d’Schüler vun der 3e URBS de ganzen Dag duerch d’Éislek ënnerwee, fir um Terrain déi verschidden geologesch Schichten ze studéieren an z’analyséieren. Synclinal, Anticlinal, Ripplemarks, Schieferung, Diaklasen, Rutschharnisch, Thanatocénose… – e puer vu villen …

Grouss LASEL-Randonnée mam Mountainbike

10/05/2022

De 5. Mee huet zu Mamer eng grouss Mountainbike-Randonnée mat 80 Schüler aus 10 verschiddene Lycéeën stattfonnt. Den LJBM war mat 7 Schüler vertrueden, déi alleguer bei schéinstem Wieder ee flotten Nomëtten um Vëlo verbruecht hunn.  

Visitt vum Tilly Metz am LJBM

10/05/2022

D’Europadeputéiert Tilly Metz war e Freideg, den 29. Abrëll, op Besuch am LJBM an huet eisen 2e-Schüler vun hirem Alldag ronderëm d’Europaparlement gezielt. D’Schüler hunn hei e ganz interessanten Abléck op d’Aarbecht vun eise Lëtzebuerger Europadeputéierte kritt. Nieft enger Rei Froen, …

YEP-Schoulfoire 2022

06/05/2022

Vum 2. bis de 4. Mee war och den LJBM op der nationaler Schoulfoire YEP mat engem Stand vertrueden, fir seng komplett Offre scolaire am ESC, ESG an an der Beruffsausbildung virzestellen. Mir soen all de Visiteuren, déi sech fir …

Stage écologique Borkum

06/05/2022

Héich am Norden, ëmgi vu Wand a Mier, hunn eis Schüler vun der 2CC an 3CC ee ganzt speziellt Biosphärenreservat erfuerscht. Vum 19. bis den 23. Abrëll ware si op e Stage écologique, fir d’Wattemier a weider Liewensraim op der …

Erasmus+ Baza

06/05/2022

E puer Méint nom drëtten Treffe vum “Erasmus+”-Projet zu Skara a Schweden ware fënnef 2e-Schüler aus dem LJBM zesumme mat hire Professere vum 24. bis den 30. Abrëll zu Baza a Spuenien ënnerwee, wou si mat Delegatiounen aus Spuenien, Däitschland, …

Kulturrallye 2022 6P2

05/05/2022

De Kulturrallye 2022 huet et de Schüler vun der 6P2 erlaabt, an de Casino d’Ausstellung THE EVERTED CAPITAL vun den Artiste Fabien Giraud a Raphaël Siboni kucken ze goen. D’zäitgenëssesch Konscht huet si un d’Nodenke bruecht an och den Atelier …

Portes Ouvertes 2022 am LJBM

05/05/2022

Den 22. an 23. Abrëll war et endlech nees souwäit: De Lycée Josy Barthel huet seng Dieren fir all Interesséierter grouss opgemaach. Et konnt ee sech individuell am Festsall oder am Grupp bei enger Visite guidée iwwer déi divers Offeren …

Kulturrallye 2022 6P1

05/05/2022

Am Kader vum Kulturrallye waren d’Schüler aus der 6P1 an d’Rotonden an hunn do d’Beruffer vum Luuchten- an Tountechniker méi genau ënnert d’Lupp geholl. Dobäi konnte si e Bléck hannert d’Kulisse werfen. Zum Schluss hu si mat engem “Actionbound” d’Rotonden …

LASEL-Championnat am Turnen

05/05/2022

Eise Lycée war en Donneschdeg virun der Ouschtervakanz mat 3 Schüler um Lasel-Championnat am Turnen vertrueden. Bei den ‚Filles Minimes‘ huet d’Alexia Zeyen eng ganz gutt 17. Platz erreecht vun insgesamt 22 Turnerinnen. Bei den ‚Garçons minimes‘ hunn de Sven …

  • Erasmus+ EU programme
  • Mérite Jeunesse
  • Mir sinn eng Fairtrade