Back

There are no available posts!

Concours Voltaire 2023

25/04/2023

De 27.3. hunn eng Rei vun eise Schüler um Concours Voltaire deelgeholl. Dat ass en nationalen Orthographieconcours, dee fir ganz Lëtzebuerg organiséiert gëtt. Gesicht goufen déi 3 bescht Schüler an der franséischer Grammaire, souwuel fir den ESG wéi den ESC. …

Den LJBM op der YEP!-Foire

25/04/2023

De Lycée Josy Barthel Mamer ass nach op der YEP!-Schoulfoire vertrueden, an dat souguer mat 2 Stänn. Op deem enge Stand erkläre mir deene Jonken eis Offre scolaire am Enseignement secondaire classique (ESC) a général (ESG), wou virun allem eis …

Scienteenslab

24/04/2023

D’2GA3D huet sech de 27.3. am Scienteenslab mat hirem eegenen Energieverbrauch auserneegesat. Fir d’éischt hunn d’Schüler gekuckt, wéi vill Energie jidderee vun eis pro Dag brauch. Dono hu si ënnersicht, wéi vill Leit zum Beispill missten um Vëlo pedalléieren, fir …

Ouschterlaf

21/04/2023

No e puer Joer Paus konnten eis Sportsenseignanten dëst Joer erëm eisen traditionellen Ouschterlaf organiséieren. All eis 7e-Schüler si fir e gudden Zweck gelaf an hu Sue fir d’Associatioun “CARE Luxembourg a.s.b.l.” gesammelt. Domat ginn déi betraffe Leit an den …

Championstitel fir den LJBM

04/04/2023

En Donneschdeg, den 20.3., huet an der Lallenger Turnhal vum LTL d’Championnat vun den Turnerinnen an Turner, déi keng Lizenz an engem Club hunn, stattfonnt. Dräi Schülerinnen aus dem LJBM hunn drun deelgeholl an hirt Kënnen ënner Beweis gestallt. D’Andreia …

European Statistic Competition

28/03/2023

4 Ekippen aus dem LJBM hunn un der European Statistics Competition deelgeholl. Ënner 189 Teams konnten sech d’_ALGEBROS_ (Nathan, Misael an Damien vun eiser 2CB) déi exzellent 2. Plaz an hirer Alterskategorie sécheren an d’”Underworld Heroes” (Manon, Leila an Cyriaque …

Lightpainting 6G4

27/03/2023

Am Kader vun der Optioun Fotografie op der 6G4 hunn d’Schüler gewise kritt, wéi ee kreativ mat Laangzäitbeliichtung schaffe kann. Si hunn duerno a Form vu Lightpainting selbstänneg Konschtwierker erstallt. Hei e puer flott Impressiounen.  

D’5C am Atelier Slam

27/03/2023

Gëschter haten d’Schüler vun der 5C d’Chance, zwee Slam-Kënschtler vum Institut français du Luxembourg ze begréissen. Wärend dem Atelier Slam hunn d’Schüler d’Méiglechkeet gehat, Sprooch mol anescht ze benotzen. Si hu vill flott Aktivitéiten gemaach, wou si z. B. de …

Championnat LASEL Handball Minimmes non-affiliés

24/03/2023

Felicitatioune ginn och eraus un eis Minimmes-Ekipp am Handball. D’Yara, den Armin, de Pit, de Sébastien, de Casey, de Flaviano, den Ilyas an de Mouyad sinn no spannende Matcher an der Gruppephas an duerno och an der Finallronn op déi …

  • Erasmus+ EU programme
  • Mérite Jeunesse
  • Mir sinn eng Fairtrade