Back

There are no available posts!

Zu Besuch bei WEO

17/05/2024

Den 13.5. war d’1C-URBS d’Entreprise WEO (www.weo-water.com) an der Stad besichen. D’Schüler kruten en detailléierten Abléck an d’Approche vu WEO, an esou och eng liewensno an aktuell Applikatioun vu Geoinformatiounssystemer: D’Kärgeschäft vu WEO besteet nämlech dodran, ëffentlech verfügbar Satellitten-Date mat …

Soirée des Anciens et Amis

17/05/2024

Hei ass nach e wichtege “Save the date” am Kader vun 20 Joer LJBM: De 15. Juni invitéieren d’Association des Anciens et Amis du Lycée Josy Barthel Mamer an d’Direktioun all d’Ancienen vun alle Promotiounen an alleguer d’Frënn vum LJBM …

LJBM Theaterowend – Back on stage!

17/05/2024

Den 3. Mee konnten d’Schüler vum Theatergrupp, vun der 5C1 a vun der Optioun Theater no e puer Joer Paus rëm sou richteg aus sech rausgoen a si hunn och wierklech alles ginn. Et war sécher net ëmmer einfach, d’Opreegung …

Eise Schüler hire Musée am MUDAM

17/05/2024

An Zesummenaarbecht mat dem Publics Departement aus dem Musée MUDAM schaffen eis Schüler aus de Klassen 2GA3D an 2C-URBS zënter der Ouschtervakanz ganz intensiv un der Entwécklung vun “hirem” Musée. Si beäntweren an dësem Projet d’Fro, wéi hire ganz perséinleche …

Bei MeteoLux um Findel

16/05/2024

Eis Schüler vun der 2C-URBS haten de grousse Privileeg, mat engem Mataarbechter vu MeteoLux en Tour an der Camionnette iwwer de „ganzen“ Terrain vum Findel ze maachen. Si krute verschidde Geräter fir Klimadaten z’ erfaasse gewisen an hunn e. a. …

Futsal-Turnéier am LJBM

16/05/2024

Um Futsal-Turnéier vun der Lasel, dee bei eis an der Sportshal gespillt ginn ass, kënnt eis Minimes-Ekipp mat engem Gläichspill, engem gewonnenen an engem verluerene Match op déi gutt 2. Plaz.  

Fresque du climat

15/05/2024

Am Kader vun engem Franséischcours zum Sujet « Environnement durable » hunn d’Schüler aus der 3GPS2 véier grouss Freske realiséiert. Heimat hu si de Grond an d’Konsequenze vun de Klimaverännerungen erkläert. Duerch dëse Projet hunn d‘Schüler realiséiert, datt déi mënschlech …

D’Lorenzkraaft entdecken mat der 2GIG

15/05/2024

D’Schüler vun eiser 2GIG hu sech zesumme mam Här Schmit d’Lorentzkraaft ugekuckt. Dat ass d’Kraaft, déi op Elektrone wierkt, wann se an der Géigend vun engem magnéitesche Feld sinn. Op der Foto gesäit een d’Elektronen als bloe Stral. LJBM – …

E flotte Concert vun de Solistes Européens

14/05/2024

Den 30.4. kruten all eis 7e-Schüler e ganz flotte Concert ze héieren! D’Madamm Anik Schwall, den Här Yanis Grisó an den Här König vun de « Solistes Européens Luxembourg » hu Stécker vum Ludwig van Beethoven, Claude Debussy, Robert Schumann …

Den LJBM um EdFest

13/05/2024

De 4. Mee war an de Rotonden déi 1. Ausgab vum EdFest, dem nationale Festival fir Schoulentwécklung. Dëst Event wëll virun allem nei Weeër an der pedagogescher Innovatioun opweisen – natierlech ware mir als LJBM hei och vertrueden, an dat …

  • Erasmus+ EU programme
  • Mérite Jeunesse
  • Mir sinn eng Fairtrade