D’Ziel vum „Josy goes green“
D’Ziel vum Nohaltegkeetscomité ass et, den aktuelle sozialen an ökologeschen Erausfuerderungen (Klimawandel, Ressourcen- an Energieverbrauch, Plastikverschmotzung, Biodiversitéits-Verloscht, …) zesumme mat eise Schüler duerch konkret Projeten an Aktiounen ze begéinen. Esou ginn eis Schüler fir dës Thematik sensibiliséiert a kenne méi responsabel Verhalensweisen entwéckelen. D’Grondiddi ass et, eis momentan Produktiouns- a Konsommatiounsmodeller ze hannerfroen an d’Iddi vun der “économie circulaire” ze liewen, fir eis Ëmwelt ze schounen an esou och den zukünftege Generatiounen e gutt Liewen ze erméiglechen.
Den Nohaltegkeetscomité setzt engersäits selwer Projeten ëm (Upbooking, Éco-Délégué, konsequent Mülltrennung, …), ënnerstëtzt bestoend Projeten am Beräich Nohaltegkeet (Give Box, Repair Café, , secondhand-Maart, Upcycling am Makerspace, …) an erméiglecht de Schüler selwer Iddien ze entwéckelen a begleet se bei der Ëmsetzung (BNE-Awards, …).
Memberen:
- Dani Schong
- De Vos Mike
- Maïté Fecchi
- Neuser Jonah
- Schmit Claude
- Wengler Vanessa

Upbooking




