D’Schüler vun der eiser 3CB hunn zesumme mat hirer Physik- an hirem Chimiesproff logescht Denken an Teamgeescht bewisen, andeem si d’Aufgaben an engem Escape Room souverän geléist hunn. No engem spaassege Moie goung et du weider an de Naturmusée, wou …
E Cours an der Physik, dee wäit méi “aktiv” war, wéi dat soss de Fall ass. D’Schüler vun der 3GPS2 hunn am Kader vun dem Kapitel Kinematik verschidde Forme vu Beweegungen duergestallt. Zréck am Klassesall goufen d’Videoe mat enger App …
Eis naturwëssenschaftlech Klassen 2CC, 3CC a 4G3S haten am Kader vun engem Stage écologique eng onvergiesslech Woch op der Nordseeinsel Borkum! Borkum, bekannt fir seng eenzegaarteg Ekosystemer wéi Salzwisen, Dünen an d’UNESCO- Weltnaturierfschaft Wattemier, huet eise Schüler d’Geleeënheet gebueden, d’Biodiversitéit …
Vum 8. bis den 13. Mee konnt de Bryan A., Schüler vun der 2CLC, um renomméierten Iwwersetzungsconcours Certamen Ciceronianum Arpinas zu Arpino an Italien deelhuelen. No enger Qualifikatiounsronn am Januar huet de Bryan Lëtzebuerg bei dësem Event an Italien representéiert, …
Eis Schüler vun der 6G1S, 5G1S an der 4GIG waren 2 Deeg zu Stroossbuerg ënnerwee. Si hunn den 1. Dag en Tour duerch d’Stad gemaach, waren an der “Petite France”, hunn den Tuerm vun der Kathedral erklomm an duerno am …
Haut hunn déi schrëftlech Prüfunge vum Premièresexamen ugefaang. Mir wënsche jidderengem vill Erfolleg an drécke ganz fest d’Daumen! Mir gleewen un iech – dir packt dat do och nach!
De leschten Donneschdeg koum d’Madamm Heirendt, Directrice vun der Fondation Cancer Luxembourg, bei eis an de Lycée, fir e Scheck vun 3000 Euro entgéintzehuelen, dee vun der Asbl vum Lycée Josy Barthel gespent gouf. Dës schéin Zomm ass en Deel …
De 14.5. waren d’Schüler vun eiser 4GIG mat hire Proffen aus de Sciencen an de Scienteens Lab vun der Uni Lëtzebuerg um Campus Lampertsbierg. Si hunn do un engem Workshop “Energie tanken” deelgeholl an eng Rei Experimenter duerchgefouert, fir méi …
De leschte Mëttwoch war d’Dr. Isabell Eva Baumann op Invitatioun vun der Direktioun a vun eisem Elterecomité zu Besuch an eisem Lycée. Si ass Fuerscherin am Beräich vun “Digital Education & Research” op der Université du Luxembourg an huet eis …
Am Kader vum Projet « Concours Jeune Journaliste 2023-2024 » haten eis Schüler d’Geleeënheet, d‘Journalistin a Podcast-Animatrice Madamm Anne-Claire Delval an der Klass ze begréissen. Wat ass d’Aarbecht vun enger Journalistin? Wéi schreift een en Artikel? Wéi genau soll een …



