E Méindeg, de 4. Dezember, kruten d’Schüler an hir Eltere wichteg Informatiounen zum Theema Studien an Aschreiwungen op den Universitéiten. Op dem neie Site www.orientation.lu fënnt ee ganz vill Renseignementer an Hëllefstellungen. An och eis Cellule d’orientation et d’intégration scolaires …
Eis 5C-Klasse hunn d’Ausstellung “The Climate Countdown – Road to 2050” an eisem Festsall besicht. Dës Ausstellung weist déi global Ustrengungen am Kader vun der Klimakris an och d’Roll, déi Lëtzebuerg an dësem Kontext spillt. D’Klimakris ass eng vun de …
Déi 2 lescht Weekender huet den LJBM mat engem Chalet um Mamer Chrëschtmaart matgemaach. Eis Schüler hate vill flott Geschenkiddien an och deen een oder anere séisse Maufel fir d’Visiteuren.
De 24.11. hu sech d’Schüler vun de Klasse 5G1S, 4GIG, 4G3S, 4GA3D1, 4GA3D2, 3GIG, 3GA3D, 3CB, 3CC an 2CC am Festsall vum Lycée Josy Barthel versammelt a krute vum Dr. Guillaume Trap, Koordinator vun der Fondation Jeunes Scientifiques Luxembourg (FJSL), …
En Donneschdeg, den 23.11., war LASEL Volleyball fir Cadets/Cadettes am AL an am LAML. Eis Ekipp ass an hirer Poule déi 2. ginn, an deemno hunn eis Schüler fir déi éischt Plaze gespillt. Um Enn ass eng 4. Plaz bei …
De Mëttwoch war de Kleesche mat villen Engelen an Housekeren bei eis am Gebai an huet d’Schüler an d’Enseignantë belount, déi sech gutt geschéckt haten. Mir wënschen alle Membere vun eiser Schoulcommunautéit an alle Frënn vum LJBM e schéine Kleeserchersdag!
D’Schüler an d’Enseignantë vun der 7C2 waren e Mëttwoch, den 22.11., net an hirem Klassesall, mee um Bauerenhaff Vosman an duerno am Mariendall beim SNJ. Wéi een op de Fotoe gesäit, hu si schnell Frëndschaft mat den Déiere geschloss an …
An eng weider Noriicht aus dem Beräich vun de Wëssenschaften: 227 Schüler aus 14 Klasse vum Lycée Josy Barthel hunn de 16.11. un der Qualifikatiounsronn vun der dësjäreger Lëtzebuerger Naturwëssenschaftsolympiad deelgeholl. Ze beäntwere ware Froen aus de Beräicher Biologie, Chimie …
Den 9.11. hunn d’Schüler vun eisen dräi Scientifique-Klassen am ESG (7G1S, 6G1S a 5G1S) um Science Festival deelgeholl, deen an der Abtei Neumünster an am Naturmusée organiséiert ginn ass. An Ateliere vu jeeweils enger hallwer Stonn kruten eis Schüler en …
De 17. November haten d’Studente vun der B1BIM an der B2BIM déi groussaarteg Geleeënheet, wärend der renomméierter BIMLUX 2023 an d’Welt vum Building Information Modeling (BIM) anzedauchen. Op dësem Event hu sech national an international BIM-Experte am Gebai vun der …



