Back
27 avril

Schülerparty Juli 2022

Gëscht Owend war déi vum Schülercomité organiséiert Party. Hei e puer Impressiounen vun deem flotten Owend, eis Schüler hu sech gutt ameséiert. E grousse Merci un d’Elteren hannert dem Grill, d’Dammen an der Bar, de FunkMasterJ fir d’Musek, de Service …

27 avril

Präisiwwerrechung vun der Associatioun “Pro Latinitate”

De 4. Juli hat d’Associatioun “Pro Latinitate” déi bescht Latinisten aus dem ganze Land fir hir alljärlech Präisiwwerreechung an de Stater Kolléisch agelueden. De Lycée Josy Barthel vu Mamer war mat enger Delegatioun vu 5 Schüler vertrueden, déi hire verdéngte …

27 avril

B2BI Visitt um Konrad-Adenauer-Site

Zum Schluss vum Schouljoer krut d’Ofschlossklass vun eisem BTS « Bâtiments et infrastructures » en Abléck an déi lescht Bauphas vum Konrad Adenauer-Site um Kierchbierg. Et handelt sech ëm ee vun de gréissten europäesche Chantieren. Besonnesch beandrockend fir eis Studente …

27 avril

Ausflug vun der 2CC op Stroossbuerg

De 5. Juli 2022 huet d’2CCLC a Begleedung vun hire Chimiesproffen, der Madame Lorang an dem Här Rauen, een Dag zu Stroossbuerg verbruecht. Si hu sech den europäesche Quartier, de « Parc de l’Orangerie » an de Campus vun der Uni ugekuckt. No …

27 avril

Visitt an d’Stad 6C3

Den 8. Juli sinn d’Schüler vun der 6C3 an d’Stad gefuer, fir do eng interessant Visite guidée ze machen. Et goung lass um Kierchbierg bei der Philharmonie, dono laanscht de Musée 3 Eechelen a mam Funiculaire erof an de Pafendall. …

27 avril

3CG-COMED : Visitt vun der Nationalbibliothéik

De 6. Juli haten d’Schüler vun der 3CG-COMED eng ganz interessant Visitt vun der Nationalbibliothéik gemaach. Si hunn net nëmmen déi impressionant Salle de lecture gesinn, mee konnten och hannert d’Kulisse kucken goen a krute ganz vill interessant Informatioune vum Guide gezielt. …

27 avril

Mission Nichtrauchen 2022

D’Mission Nichtrauchen ass e Concours fir Schüler am Alter vun 12 bis 16 Joer, bei deem si en halleft Joer laang eng Nichtraucher-Klass bleiwen oder gi sollen. Dëst Joer hu si eemol pro Mount en digitale Quiz zum Thema Fëmme …

27 avril

LTS Hackathon 01/07 – 03/07

D’Léa, den Nathan, den Damien an de Misael aus der 3CB hunn de leschte Weekend un engem LTS-Hackathon zum Thema “Smart Banks for Life” deelgeholl, dee vun e Freideg 18:00 Auer bis e Sonndeg 16:00 Auer gedauert huet. Si hu …

27 avril

Viva Colonia!

De 24. a 25. Juni 2022 sinn d’Schüler aus der 5CCL2 a Begleedung vun hirer Regente, der Mme Krier, an hirer Latäinproff, der Mme Linster, op Köln gereest. Do hu si zwee flott Deeg verbruecht. Am Römisch-Germanischen Museum konnte si d’Kleeder vun …

  • Erasmus+ EU programme
  • Mérite Jeunesse
  • Mir sinn eng Fairtrade