Back
25 avril

Neien “Erasmus+”-Projet

Vum 28. bis den 30. September waren Enseignanten aus eise Partnerschoulen vun Hoogstraten (B), Neufahrn (D) a Baza (E) bei eis op Besuch, fir een neien “Erasmus+”-Projet auszeschaffen, dee finanziell ënnerstëtzt gëtt am Kader vum “Erasmus+”-Programm vun der europäescher Unioun. …

25 avril

Visitt vum Chantier hannert dem LJBM

D‘Klass 1TPGC2 huet dee grousse Chantier hannert dem LJBM besicht. Hei ginn an engem vum Fonds de Logement ënnerstëtzte Projet 224 Wunnenge gebaut. Eis Schüler konnte bei dëser Visitt vill Spannendes gesinn, wéi z. B. déi ganz Infrastrukture vum Projet, …

25 avril

Bike Day 2023 zu Zéisseng

De 26. Oktober war de Bike Day vun der LASEL zu Zéisseng am Bike Park. 156 Sportler hunn hei matgemaach, dorënner waren och 9 Schüler aus dem LJBM. Bei Reen a Bulli hate si op am Ganzen 12 verschiddene Statioune …

25 avril

Repair Caféen am LJBM

D’lescht Schouljoer huet den LJBM zwee erfollegräich Repair Caféen organiséiert. Bei engem Repair Café geet et dorëms, futtis Objeten (z. B. kleng Elektrogeräter, Kleeder, Computeren, Spillsaachen etc.) ze flécken a weiderzebenotzen, statt se ewechzegeheien. Sou droen d’Schüler zum Ëmweltschutz bei, …

25 avril

Erëm Champion am Cross-Duathlon!

Den 19.10. hunn eng Partie Schüler aus dem LJBM mat vill Erfolleg zu Réiden um Championnat am Cross-Duathlon deelgeholl. Bei den affiliéierte Minimes ass de Maurice den 8. ginn an de Felix huet als 4. de Podium knapp verpasst. Bei …

25 avril

Halloween am Makerspace 2023

Am Makerspace war ëm Halloween eng méi lass! Vu Kürbisschnëtzen bis 3D-Zeechnen: D’Schüler aus der Activité parascolaire an der Optioun Makerspace hunn ënnerschiddlech Weeër fonnt, sech kreativ auszedrécken. D’Ekipp vum Makerspace seet Merci fir déi flott Aarbechten an hofft, datt …

25 avril

Axxess-Cross op der Kockelscheier

3 Schüler aus dem LJBM waren den 12.10. beim Axxess-Cross am Asaz. Bei de Cadeten ass de Francisco de 47. vun 58 Leefer ginn, den Nathan ass bei de Junioren/Senioren exzellente 4. ënnert 72 Starter ginn. An där selwechter Course …

25 avril

Konferenz « Quelle ville pour demain ? »

D’Schüler vun eiser 1C-URBS hunn als Haaptfach Architektur an Urbanismus. Fir hiren Exame weider beschtens ze preparéieren, huet d’Klass de 17. Oktober owes d’Konferenz « Quelle ville pour demain ? » am Lycée Vauban besicht. Déi franséisch Architektin Anne Vial …

25 avril

Formatioun fir nei Unterrechsmethoden an der Chimie

D’lescht Woch waren all d’Chimiesprofesseren aus dem LJBM an eng Formatioun vum Prof. Dr. Mathias Ducci, fir nei Unterrechtsmethoden an der Chimie kennen ze léieren. Eis Schüler kënnen sech also op nach méi flott a spektakulär Versich an Zukunft freeën. …

  • Erasmus+ EU programme
  • Mérite Jeunesse
  • Mir sinn eng Fairtrade