Déi lescht Woch hunn eis Schüler vun der 2GIG d’Lade- an d’Entladeverhalten vu Kondensatoren an engem Wiesselstroumkrees mat Hëllef vun engem Oszilloskop ënnersicht.
De 7.3. waren 8 Schüler fir de Lycée Josy Barthel um Dubbel-Championnat am Badminton am Asaz. Wärend bei de Jongen am Cadet-Alter den Daniel an de Gilles sech op der 16. Plaz an domadder eng Plaz virum Tim a virum …
Kick-off vu 6 Woche Stage fir eis BTS-Studenten aus eisen 3 BTS-Richtungen “Bâtiments et infrastructures”, “Building information modeling” a “Professions immobilières”. E grousse Merci geet un all eis extern Partner (Entreprisen, Architekten, Ingenieuren, Syndicen, Promoteuren, Agences immobilières, La Chambre immobilière …
De 15.3. ware 4 Fuerscher aus verschiddene Beräicher bei eis am LJBM op Besuch. Si hunn eis hire Werdegang an och hir aktuell Recherchë presentéiert. D’Mme Dr. Maude Pauly an d’Mme Prof. Dr. Anna-Lena Högenauer hunn der 3CC, der 3GPS1 …
En Donneschdegowend war bei eis am Lycée den Optakt zu de Feierlechkeete fir eisen 20. Gebuertsdag. Vill Invitéeë waren am Festsall vum LJBM zesummekomm, dorënner de Bildungsminister Claude Meisch, de Chamberpresident Claude Wiseler, de Buergermeeschter vun der Gemeng Mamer Luc …
Am Kader vun der Optioun “Wëssenschaft” hunn d’Schüler vun eiser 5G scientifique sech net nëmme mat de Basiselementer aus der Elektrik auserneegesat, mee och iwwert erneierbar Energien diskutéiert, ier se dunn e solargesteierten Auto (“Marsrover”) gebaut hunn. Dobäi konnten d’Schüler …
En Donneschdeg, de 7.3., ass den LJBM mam Victor, Ethan, Ihan, Mike, Raphaël, Mouyad an Ilyas am Basketchampionnat fir Minimmen am 5 géint 5 ugetrueden. 20 Ekippe waren am Asaz an der Hal vum LGL . An der Virronn huet …
Hei e puer Impressiounen aus dem praktesche Chimiescours. Eis Schüler maache ganz vill Versich selwer, wéi z. B. de pH-Wäert vu villen Alldagsproduiten ze bestëmmen. Sou kommen eis Schüler der Chimie méi no a kréien hoffentlech Spaass un de Sciencen. …
Dësen Dënschdegmëtten hunn d’Kanner aus dem Cycle 4.1 a 4.2 aus de Gemengen Mamer, Kielen, Habscht, Käerch a Stengefort am Kader vun den LJBM Science Days 2024 e flotten Nomëtteg am Lycée Josy Barthel verbruecht. Ënnert der Uleedung vun den …
Den 29.2. hu 4 Schüler aus dem LJBM mat Spaass an Erfolleg zu Réiden um Equippe-Championnat am Dëschtennis deelgeholl. An der Challenge League ass eist éischt Team mam Luca a mam Fabio no 4 Matcher déi 3. vun am Ganze …



