Back
24 avril

1. Teamsportdag LJBM vs. EE II

De 15. Mee 2014 haten d’Schüler vun der Optioun Sport (2e & 3e) en Teamsportdag organiséiert, bei deem Schüler vum LJBM (9e a 6e) géint Schüler aus der Europaschoul (EEII) an dräi verschiddenen Disziplinen ugetruede sinn (Ultimate Frisbee, Tchoukball a …

24 avril

Design for All

Den 20. Mee huet RTL sech am Top-Thema mat barrierefräier Architektur befaasst. Si hunn duerfir och en Ausfluch an d’Baufach-Sektioun vum Mamer Lycée gemaach, wou de concernéierte Schüler regelméisseg eng dementspriechend Formatioun, an Zesummenaarbecht mat Info-Handicap, ugebuede gëtt. Dir kënnt …

24 avril

Simulatioun vum UN-Sécherheetsrot

De 6. a 7. Mee 2014 war an der Chambre de Commerce déi zweet Auditioun vu “Model UN”, enger Simulatioun fir Schüler vum UN-Sécherheetsreetsrot, organiséiert vun der ALNU (Association Luxembourgeoise pour les Nations Unies). Nieft 14 anere Lycéeën huet och …

24 avril

Segel-Stage

Vum 11. bis de 16. Mee waren eng 20 Schüler vun eisen 9e mat hiren Enseignanten um Ijsselmer an Holland ënnerwee. Den 11. Mee sinn si als Crew u Bord vun der Beantra, engem groussen Zweemaster, gaangen. Fir eng Woch …

24 avril

Visite bei ‘Ponts et Chaussées’

Dëser Deeg sinn eis Schüler vun der T2GC4 mat hirem Professer Chrëscht Cornette zu Bartréng bei “Ponts et Chaussées” empfaange ginn. Si kruten de Stroossenbaulaboratoire erkläerta gewise wéi Tester iwert de Stroossebelag durchgefouert ginn.

24 avril

Team-Building am Mariendall

E Freideg, de 6. Juni war d’7ES1 am Centre de Jeunesse Mariendall, wou si e Stage am “Team-Building” gemaach hunn. Unhand vun enger ganzer Rei vu flotten Aktivitéiten dobaussen hunn se geléiert, sech zesummen ze organiséieren an als Team ze …

24 avril

Schüler vu ‘Génie civil’ zu Hamburg

Am zweete Semester vum Schouljoer 2013-2014 hu véier Schüler vun der Klass T2GC1 (Génie civil) während véier Woche via eis Partnerschoul “G19” zu Hamburg e Stage bei verschiddenen Ingenieursbüroen zu Hamburg gemaach. Des Stagen sinn erméiglecht ginn am Kader vun …

24 avril

Stage sportif zu Lëltz

Den 3. an de 4. Juli waren eng Rei Schüler, déi am Laf vum Joer un de Sportsaaktivitéiten an un de LASEL-Kompetitiounen deelgeholl hu, mat hire Sportsproffen zu Lëltz, wou se op den Éislécker Koppe bei wonnerschéinem Wieder verschidde sportlech …

24 avril

Science for Kids 2014

Méi wéi 100 Schüler aus dem 5. a 6. Schouljoer hu bei der Editioun 2014 vu “Science for Kids” am Mamer Lycée matgemaach. Op den Nomëtteger vum 3. Juni an dem 19. Juni konnte si an de Spezialsäll vum Departement …

24 avril

LJBM-Schülerparty

Fir d’Feierlechkeete vun “10 Joer Mamer Lycée” ofzeschléissen hate mir eis eppes ganz Besonnesches afale gelooss: Eng grouss Schülerparty an eiser Schoul. Ronn 300 Schüler waren do, et gouf bis Mëtternuecht gedanzt a sech ameséiert, selbstverständlech ouni Alkohol. Natierlech duerft …

  • Erasmus+ EU programme
  • Mérite Jeunesse
  • Mir sinn eng Fairtrade